Actualité

R.I.P. Camille Gira

Déi traureg Noriicht vun Dout vum Camille Gira huet eis all staark beréiert. De Réidener Kanton an eis Regioun verléiert mam Camille ee Mann, dee fir seng Wäerter a seng Iwwerzeegung gelieft huet. Mat sengem Engagement a sengen Iddien huet hien eise Kanton geprägt.

An all de Beräicher wou hie geschafft huet, hat hien een oppend Ouer fir d’Problemer vun de Leit. Hee stoung och da säi Mann, wann onpopulär Entscheedungen hu misse getraff ginn.  Ee grousse Merci fir all déi Ënnerstëtzung déi hien der Gemeng Wal ginn huet. Mer denken un hien mat Respekt viru senger Leeschtung a behalen hien a gudder Erënnerung.

Eist häerzlechst Bäileed u seng Famill a seng Frënn.