Mme Alice Peller-Helminger,
Léierin zu Kéiber vun 1947 bis 1972, +30.06.2006


Mam Doud vun der Mme Alice Peller-Helminger a vun hirer Duechter Odile verléiert Kéiber nit nëmmen 2 sympatisch Matbiergerinnen, mee mat dem Begriefnis vun der Mme Peller gouf och e Stéck Kéiber Geschicht zu Graf geluecht. D'Mme Peller war vun 1947 bis 1972 also während 25 Joer Léierin hei am Duerf.

Ech selwer hat méi ewéi eng Kéier d'Geleegenheet mech mat der Mme Peller ze ënnerhalen, virun allem awer huet sie mer esou munch Anekdoten aus hirem Liewe verzielt wéi mer vir un 2 Joer eng kleng Brochure fir d'Aweihung vun der Kéiber Schoul erstallt hun.

Geschwënn nom Krich am Joer 1947 koum d'Joffer Helminger sech als jonk Léierin op Kéiber virstellen a kount den deemolige Gemengerot a vir un allem de lokale Vertrieder Victor Majerus gläich iwerzeegen datt si hei op der richteger Plaz wir. Just ee Problem huet sech gestallt an zwar war deemols d'Schoulwunneng nit fräi well hir Virgängerin d'Joffer Jeanne Philippe nach nit äusgezu war. Mee esou eng Problemer, erzielt d'Mme Peller, goufen déi Zäit gläich op der Dot geléist an zwar ass si vir 3 Méint beim Konselljee doheem aquartéiert gi fir duerno erréischt an d'Schoulwunneng anzezéien.

D'Mme Peller huet sech vum 1. Dag un hei wuel gefillt an huet och gläich de Mann fir d'Liewen hei fond, esou datt 1 Joer méi spéit, de 7. März 1948 d'Hochzäitsklacken kounte fir de Leon Peller an d'Joffer Alice Helminger an der Kierch zu Gréiwels lauden.

Ewéi keen anere konnt d'Mme Peller sech fir Kéiber, seng Geschicht a virun allem awer fir seng Leit begeeschteren an asetzen. Sie gouf nit faerdeg ëmmer erëm ervirzesträichen datt zu Kéiber e besonnesche Schlag vu Leit ze fanne wir, dat d'Kanner hei op ganz einfach Manéier fir alles ze begeeschtere wieren an datt si alles wat se an der Schoul geléiert hu mat Liichtegkeet begraff hun an ëmzesetze woussten. Bis 1965 huet d'Mme Peller 7 Schoulklasse gläichzäiteg ënnerriicht. Duerno waren et der 6 bis 1969. Vun do u goufen d'Kanner zesumme gefouert an d'Mme Peller hat d'Kanner aus dem 4., 5. a 6. Schouljoer vun den Dierfer Heeschpelt, Brattert, Gréiwels a Kéiber bis 1972. Während dene 25 Joer wou d'Mme Peller hei Schoul gehal huet ass nit eng Kéier e Kand sëtze bliwen, wees si ze verzielen. Datt si selwer e groussen Deel dozou bäigedroen huet, seet si mat kengem Wuert. Fir si war et ëmmer selbstverständlech datt si fir hir Kanner responsabel war an et zu hirer Flicht als Léierin gehéiert huet, all hire Kanner dat néidegt Grondwëssen ze vermëttelen fir datt si sech an hirem spéidere Liewen kënnen zurecht fannen.

An de Schoularchive versuergt d'Mme Peller nit nëmmen dat allernoutwendigst, mee ënner anerem och Schoulhefter vun hirer Duechter Odile an denen ee ka gesi wéi zu daer Zäit Heimatkundeunterricht vermëttelt gouf, wéi vill Wert op "Schönschreiben" geluecht gouf a wéi ouni Computer, Scanner a Fotoapparat eng flott "Mise en Page" vun engem Aufsatz, och demols scho mat Biller an Ilustratiounen, méigelech war.

D'Mme Peller an och hire Mann de Léon Peller, de mer virun 3 Joer zu Kéiber begruewen hu, ware ganz bescheide Bierger. Den Herr Peller huet secher als Chef d'Entreprise stänneg versicht fir säi Betrieb a fir seng Leit dat Bescht eräuszeschloen.

Och fir seng Gemeng, wou hien während 35 Joer am Konsel war a während 30 Joer de Buergermeeschterstull besat huet, war him keng Stonn ze fréi oder ze spéit a kee Wee ze wäit wann et drëm gong, sech zum Wuel vu senge Leit anzesetzen.

Mee u sech selwer hun si zwee ni grouss Usprëch gestallt. Opschons d'Mme Peller 1972 a Pensioun gong sin si bis 1995 an daer dach bescheidener Schoulwunneng zu Kéiber bliwe fir dann eréischt an hiert neit Haus op Ënsber ze plënneren.

Eng lescht Ënnerhalung mat der Mme Peller a mam Odile war fir mech, zesumme mam Kolleg Servais Majerus, am Dezember 2005 zu Ettelbréck wou d'Mme Peller de Wanter iwer bei hirer Duechter gewunnt huet. Si war ewéi ëmmer frëndlech, opgeschloss, virwëtzeg an un allem interesséiert. Si huet wéi ëmmer schéi Gréiss un d'Leit aus der Gemeng an natierlech besonnesch un déi vu Keiber matgeschéckt a si huet eis verroden datt sie nach dachs a Gedanken zu Kéiber wir.

Haut bleiwt eis all, der Famill ganz secher un éischter Plaz, mee och de Leit vu Kéiber an aus der Gemeng just nach d'Erënnerung un 2 Bierger op déi mer all kënnen houfreg sin.

"Léon Peller a Mme Peller Iech 2 nach eng Kéier e grousse Merci fir alles wat Dir fir Kéiber a fir d'Gemeng gemach hutt. Ech si ganz secher, hei am Duerf an an der Gemeng waert Dir esou bal nit vergiess gin".

Jean Ferber

retourner