De Léon Peller,
e Mann dee Spueren hannerlooss huet. +18.07.2003

Den
10. August 1919 koum de Léon Peller zu Gréiwels op d'Welt. Seng Elteren
waren de Pierre Peller an d'Suzanne Grashoff. De Léon war den 3. vu
5 Kanner. Demols huet d'Famill Peller nach an der " Rue de Bastogne
" wéi mer haut genge soen, gewunnt. D'Haus besteet haut nit méi, mee
et as déi Plaz wou duerno dem Moecher Misch seng Garage war.
Dem
Léon säi Papp, dee vu Beruff Steemetzer war, huet dun e neit Haus
zu Gréiwels gebaut, bal vis à vis vun der Kierch. Dat as also d'Heemechtshaus
wou de Léon mat senge Bridder a senge Schwësteren obgewues as. Haut
get dest Haus vum Emile Peller a senger Fra Céline bewunnt.
Well
de Papp op säin eegene Kont geschafft huet war et fir déi Zäit bal
selbstverständlech datt seng Bouwen vu ganz jonk u mat op de Bäu schaffe
gongen an och esou d'Steemetzerhandwierk vun ënnen erop no a no geléiert
hun.
Alles
as gudd gang bis de Papp den 23. März 1940 duerch en tragischt Accident
em d'Liewe koum. Hie war mam Velo op Ettelbréck gefuer fir Kommissiounen
ze machen a gouf do vun engem Auto zu Doud iwerfuer.
De
Schock war fir d'Famill Peller ganz grouss, mee wéi seet en ëmmer
: " d'Liewe muss weider goen ". De Léon Peller, deemols 21 Joer aal,
huet dun d'Roll vu sengem Papp iwerhol a versicht esou gudd ewéi et
eben gung de Betrieb weider ze féieren.
Du
koum de Krich. Vill jonk Lëtzebuerger, och aus eiser Gemeng, goufe
vun der däitscher Besatzung zwangsrekrutéiert an un d'Front geschéckt.
No a no huet sech am Land eng Resistenz obgebaut, deer hirt Ziel et
war, de Preisen de Bass ze halen an esou vill e wéi méiglech Jongen
virun der Front ze retten.
Hei
huet de Léon Peller sech beruff gespuert fir matzemachen. Ënnert staenneger
Liewensgefohr huet hien, zesummen mam Pletschette Eugène vu Gréiwels,
mam Pletschette Arthur vu Wahl, deemols nach vu Brattert, mam Majery
Jos vun Heeschpelt a mam Haas Jos vun Eschduerf denen desertéierte
Jongen gehollef eng secher Stopp ze fannen, e gefälschte Pass ze besuergen
oder d'Flucht an d'Äusland ze organiséieren.
Direkt
nom Krich 1946 gouf d'Entreprise Léon Peller offiziell gegrënnt. Wéinst
der Rekonstruktioun haten d'Steemetzer bal méi Arbecht wéi se gemeet
kruten an dem Léon säi Betrieb, de mat 3 bis 4 Leit ugefang hat huet
sech séier vergréissert.
De
27. März 1948 huet de Léon, déi jonk Léierin vu Kéiber, d'Joffer Alice
Helminger, un de Bräutaltoer gefouert. Vun desem Dag un hu si zesummen
zu Kéiber an der Schoul gewunnt bis 1995 fir dunn ob Ënsber an hirt
neit Häus ze plënneren. Aus hierem Bestiednis gong eng Duechter, d'Odile
Peller erfier.
Em
1950 gouf vill an der Kierch zu Ranschleid geschafft. Hei huet de
Léon Peller ënnert anerem, dat stengent Verwëllef am Klackentuer erneiert.
Mat deser Arbecht huet hien d'Obmierksamkeet vun der Kommissioun vu
"Sites et Monuments" op sech gezunn déi erkannt hun datt de Léon Peller
e besonnescht Talent am Bäu mat Natursteng hätt. No a no krut hien
ëmmer méi Obtreeg bei Restauratiounarbechten u Kierchen, historiesche
Gebäier a komplizéierte Renovéierungsarbechten.

Besonnesch
faszinéiert war hie vu jonktem un un der Architektur vun eise Kierchen
a virun allem vun dene schéine Schlesser a Buergen uechtert Land.
Duefir as et nit verwonnerlech dat den Häer Peller sech spezialiséiert
huet an der Restauratioun vun historische Baudenkmäler. Wéi keen aneren
huet hien sech op desem Gebitt zu dem renomméierte Profi ‚par excellence'
eropgeschafft, dee vu ville Berufskollegen geschätzt a vu ville Bauhäeren
an Architekten obgesicht an unerkannt gouf.
Et
as nit vun ongeféier datt den Häer Peller 1992 vum deemoligen Groussherzog
Jean perséinlech mat der Medail vum " Officier de l'Ordre de Mérite
du Grand-Duché de Luxembourg " ausgezeechent gouf.
Trotz
engem Betrieb deen all Dag nei Suergen bruecht a nei Eräusfuerderunge
gestallt huet, him awer och ganz bestemmt Freed a Satisfaktioun gin
huet, huet den Häer Peller awer och nach Zäit opbruecht fir Politik
ze machen.
Am
Joer 1958 koum de Léon Peller an d'Plaz vum Häer Victor Majerus an
der Sektioun Kéiber an de Gemengerot. 2 Joer méi spéit huet hien 1960
den Edouard Wagner vu Wahl um Burgermeeschterposten afgeléist fir
selwer während 30 Joer, also bis 1990 Buergermeschter vun der Gemeng
Wahl ze sin. Säi Nofolger gouf den Eugène Rausch. Bei de Walen 1993
huet hien nit méi kandidéiert, an de Kolleg Servais Majerus huet de
Konselljeesposten an der Sektioun Kéiber iwerholl.
Als
Buergermeschter hat den Häer Peller et nit ëmmer einfach an enger
Gemeng mat wéineg Suen an der Kees a mat grousse Problemer. An der
ganzer Gemeng gouf, ënnert dem Häer Peller senger Regie, en Afwaasserkanal
geluecht, d'Kierchen an d'Schoulen hun eng zentral Heizung kritt,
Gréiwels krut eng nei Schoul, eis Dierfer krute Strosseluchten, vill
Feldweer si geteert gin, d'Kierfechter goufen an d'Rei gesat, zu Ranschleid
gouf de Willibrordusbour restauréiert an den Häerepesch gouf nei ugeluecht,
d'Gemeng krut nei Bürosraim an e schéine Sitzungsall.
Secher
kéint en nach weider fuere mat deser Lescht, mee et bleiwt erfirzesträichen
datt den Häer Peller sengem Nofolger trotz ville realiséierte Projeen,
d'Gemeng scholdefrei iwerloos huet.
Et
as deemno kee Wonner datt den deemolige Gemengerot an der Sitzung
vum 6. Februar 1991 den Häer Peller eestëmmeg zum Éierebuergermeschter
vun der Gemeng Wahl ernannt huet.
Den
18. Juli 2003 stierwt den Häer Peller am Alter vun 83 Joër a fënnt
seng lescht Rou um Kierfecht zu Kéiber. Gréiwels, Kéiber an d'ganz
Gemeng Wahl kënnen houfreg sin op dese Mann, dem si villes ze verdanken
hun.
Jean Ferber
retourner