De Foni Tissen

E Künstler, de seng Pensioun zu Heeschpelt verbruecht huet

Säi Liewen

No der Primärschoul zu Rëmeleng ass hie vun 1921 bis 1928 an de Lycée Henri Poincaré op Nanzeg säi Secondaire maache gaangen. Duerno huet e véier Joer an der Ecole Nationale Supérieure des Beaux-Arts zu Pareis Konscht studéiert. No sechs Joer, an deenen hie sech an der ganzer Welt erëmgedriwwen huet, geet hien 1936 op München an 1938 op Bréissel op d'Akademie.

1939 fänkt hien als Stagiär an der Escher Industrieschoul un, dem spéideren Lycée de Garçons. Den 31. August 1942 ass hie mat siwen anere Proffen no dem Streik vun den Nazien aus dem Konferenzsall eraus verhaft ginn. Du koum eng batter Zäit am SS-Sonderlager Hinzert. Ënnert senge villen Autoporträten ass een, dee weist den Tissen an enger Brak zu Hinzert d'V-Zeeche maachen.

1946 krut de Foni Tissen am Escher Jongelycée d'Charge fir Zeecheproff. Bis 1972 sinn Honnerte vu Schüler duerch hie geléiert ginn ze "kucken".

No der Pensioun huet hie sech meeschtens a sengem Haus zu Heeschpelt opgehalen. Hie konnt net laang dovunner profitéieren, well hien ass schonns de 5. Februar 1975 zu Nanzeg am Spidol gestuerwen.

De Foni Tissen war de Brudder vun der Schauspillerin Berthe Tissen.

Säi Wierk

  • Seng vill Biller, besonnesch seng "Männercher".
  • De Kräizwee an der Kierch St. Fiacre vu Lëtzebuerg-Millebaach, déi 1963 konsekréiert ginn ass.
  • De Foni Tissen huet och 30 lëtzebuergesch Timberen entworf, dovunner 24 Caritastimberen.
  • Fresk am Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht, am Lycée Hubert Clement zu Esch, op der Fassade vun der Schoul zu Käl
  • Fënsteren an der Kierch zu Téiteng, an der Gemeng zu Rëmeleng
  • Mosaik am Escher Jongelycée, Waasserdépot zu Rousport, Spuerkees zu Rëmeleng, Escher Spidol

Seng Spuren an der Gemeng Wahl

De Foni Tissen huet mat verschiedenen Zeechnungen a Biller seng Gefiller, seng Andreck, oder einfach seng Zäit zu Heeschpelt fir sech (a fir eis) fest gehalen.

 

Bild 1: D´Giedel vun Heeschpelt
(En Timber den und d´So vu Rimmel erënnert)


Bild 2: Heeschpelt am Schnéi
(Laut eegener Ausso huet des Vue vu Heeschpelt hien nit méi lass geloos an hien derzou bruecht seng Pensioun hei an aller Rou ze genéissen)
Bild 3: op Barlaffe,
dem Fony Tissen säi Wunhaus zu Heeschpelt
Bild 4: D'Kierch vu Ranschelt.
Wanterlandschaften mat Schnéi a Beem oni Blieder dominéieren op denen leschte Wierker vum Foni Tissen
Bild 5: "A Kueben",
en alt Bauerenhaus vun Heeschpelt (dat haut haut nit méi beschteet) Dest ass ent vun dene leschte Biller dat vum Foni Tissen gemolt gouf.