Actualité

Tour du Duerf 2020 - 1. Plaz fir eis Gemeng!

​Während deenen 3 Woche vum Tour du Duerf 2020 sinn am Kanton Réiden insgesamt 58.251km gefuhr ginn, dovunner sin am meeschten Kilometer bei eis an der Gemeng gefuhr ginn, an zwar insgesamt 13.392km!!

Domadder ass d'Gemeng Wal op der ​1. Plaz am Kanton Réiden. Als Merci fir jiddereen dee während deenen 3 Woche mam Velo gefuhr ass a seng Kilometer um Site vum Tour du Duerf agedroen huet, kritt Dir vun der Gemeng ee Kado heem geschéckt.

De Gesamtranking mat all de Kategorien fannt Dir op Säit vu Klima.lu ënner:

https://www.klima.lu/klimapakt/2-uncategorised/257-tour-du-duerf-2020-am-kanton-325-velosfuerer-58-251-km​